Full Lyrics
Aus dem Himmelssall
ass e Stir gefall
vun der Éiwegkeet
an ons Zäit a Leed
dank dem Herrgott a Maria.
Eng onschëlleg Rous
dréit e fromm am Schouss
bis säi Glanz duerchstraalt
wat do lieft a waalt
dank dem Herrgott a Maria.
Fridde kënnt an d’Welt
wuer säi Liicht hifällt;
aus all Häerz an Heem
gett e Bethlehem
dank dem Herrgott a Maria.
Vun dem Liicht geleet,
gi mir duerch all Leed
aus dem Äerdendall
an den Himmelssall
bei den Herrgott a Maria.